De Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ass en offiziellen Tool fir d'Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, deem seng Originnen zeréckginn op de Règlement grand-ducal vum 29. Juli 1999 portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise..
Duerch seng Ziler an säin Ëmfang ass den LOD, e Wierderbuch, dat ganz besonnesch un de charakteristesche méisproochege Kontext vum Grand-Duché ugepasst gouf, eenzegaarteg um Plang vun der aktueller lëtzebuergescher Lexikografie.
Dëst Dokument soll am Detail erklären, wéi den Dictionnaire, deen der aktueller lëtzebuergescher Sprooch véier Iwwersetzungssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch) géintiwwerstellt, opgebaut ass a wéi e funktionéiert.
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (zls.lu), deen duerch d'Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch geschafe gouf, këmmert sech ëm d'Maintenance an ëm d'Entwécklung vum LOD.
Am LOD fënnt ee mikrostrukturell Komponenten, déi zum engen nëmmen an eesproochegen Dictionnairë virkommen (Synonymmen, glosséiert Ausdréck, ...), zum aneren nëmmen an zweesproochegen Dictionnairen (Iwwersetzungen, ...), awer och Komponenten, déi een a béiden Zorte vun Dictionnairë kann erëmfannen (Ënnerdeelung a Sënn-Eenheeten, Beispillssätz, Stilmarkéierungen, ...). Aus lexikografescher Siicht dréit dëst zur Originalitéit vum Produit bäi.
Ouni datt dëst eppes iwwer déi lexikografesch Qualitéit vum LOD ausseet, ass et interessant ze bemierken, datt dësen Dictionnaire sech enger traditioneller dichotomescher Klassifikatioun widdersetzt: De Fait, datt e véier Zilsproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch) mat den Termen aus enger lëtzebuergescher Wuertlëscht verbënnt, mécht aus dem LOD a priori e méisproochegt Wierderbuch.
Allerdéngs bréngt d'Definitioun vun engem vum Zilpublikum a vu Funktionalitéiten, déi un de méisproochege Kontext vum Grand-Duché adaptéiert sinn, eng méi nuancéiert Klassifikatioun mat sech. Déi Klassifikatioun gëtt am nächste Kapitel verdäitlecht.
Zum Zilpublikum vum LOD gehéieren esouwuel d'Lëtzebuerger Mammesproochler ewéi all friemsproocheg Useren, déi op d'mannst eng vun de véier Iwwersetzungssprooche vum Dictionnaire beherrschen, natierlech ënner der Bedéngung, datt dat, wat se iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch wëlle gewuer ginn oder mat er wëllen ufänken, sech deckt mat de Funktionalitéiten, déi den Dictionnaire mat sech bréngt.
Follgend Funktionalitéite si virgesinn:
- duerch d'Iwwersetzungselementer
A bestëmmte Fäll muss allerdéngs relativéiert ginn:
- wat d‘net lëtzebuergeschsproocheg Useren ugeet
- wat all d'Useren ugeet
An der éischter Wuertlëscht vum LOD (am Ufank Dictionnaire Pratique de la Langue Luxembourgeoise genannt), déi an der Haaptsaach duerch e statistescht Auswäerte vum LuxText-Korpus opgestallt gouf, stoungen ëm déi 20.000 Wierder.
Eng 28.000 Wierder stinn den Ament an der ergänzter a vereenheetlechter Wuertlëscht, déi sech mëttelfristeg wäert bei ëm déi 34.000 Wierder apendelen.
Se gëtt vervollstännegt duerch:
Déi meescht Wierder aus der Wuertlëscht vum LOD gehéieren zum allgemenge Wuertschatz. Quantitativ sinn déi eenzel Wierder follgendermoossen no Wuertaarte verdeelt:
- Substantiven: ~ 58,4 %
D'Eegennimm maachen ongeféier 5 % vun der Wuertlëscht vum Dictionnaire aus. Déi, déi den Ament opgeholl ginn, sinn d'Lännernimm weltwäit, d'Uertsnimm (vu Lëtzebuerg an aus dem Grenzgebitt) an d'Nimm vun de Lëtzebuerger Gewässer.
Et ass virgesinn, fir mëttelfristeg nei Typpe vun Eegennimm mat opzehuelen. Éischt Tester si schonn an deem Sënn amgaang.
Esoubal eng Basiswuertlëscht etabléiert ass, fir déi just nach Entretiensaarbechte musse gemaach ginn, kënnen och fachspezifesch Wierder méi systematesch an den Dictionnaire integréiert ginn. Dës Integratioun mécht sech idealerweis an Zesummenaarbecht mat Experten aus de jeeweilege Fachgebidder. Mat dësem Zil virun Ae goufe schonn éischt Kontakter geknëppt, virun allem wat d'medezinesch Terminologie betrëfft.
Well den LOD nëmme Consultatiounsrechter huet op deene meeschten Texter, aus deenen de LuxText-Korpus besteet, déngen déi lemma-relevant Passagen an éischter Linn als Dokumentatiounsgrondlag. Zitater fënnt ee praktesch keng am Dictionnaire.
D'Organisatioun vun den Artikelen (d'Makrostruktur vum Dictionnaire) baséiert op engem streng alphabetesche System, och wann dës Organisatioun net onbedéngt opfält, wann een um Site bei der Recherche just eenzel Artikele mat hirer Wuertaart gewise kritt:
Wann awer eng Recherche um Site https://www.lod.lu/ net eendeiteg ass, d. h., wa fir d'Wuert, dat ee sicht, méi ewéi een Artikel a Fro kënnt, dann ass d'Lëscht vun de Resultater alphabetesch klasséiert:

Den Inhalt vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass ënnerdeelt an eenzel Dictionnairesartikelen. All Dictionnairesartikel weist déi wichtegst Informatiounen zu engem Wuert, deem seng lemmatiséiert Form d'Adress vum betreffenden Artikel ass.
D'Basisstruktur vun den ausgebauten Artikelen definéiert sech follgendermoossen:
All Artikel huet deemno esou vill Ënnerdeelungen ewéi et ënnerschiddlech Bedeitunge vum Lemma ze beschreiwe gëtt. Jiddwer Sënn-Eenheet ass duerch eng arabesch Ziffer am Ufank vun der Zeil ageleet:
Dës nummeréiert Ënnerdeelunge sinn den eenzege Strukturéierungsniveau, deen et fir d'Artikele vum LOD gëtt.
D'Artikelen, an deene just eng Bedeitung beschriwwe gëtt, hunn eng einfach Struktur ouni nummeréiert Eenheeten, wéi den Artikel planzlech hei uewendriwwer et weist.
An engem separate Kapitel ginn d'Ënneradresse méi am Detail beschriwwen.
Bestëmmte Beispiller, déi zitéiert goufen, kënnen e puer Ënnerscheedungskrittäre gläichzäiteg opweisen. Se goufen ausgewielt, fir dee Krittär ze illustréieren, deen se am eendeitegste betrëfft.
Déi meescht Adresse si monolexikalesch. Eng kleng Zuel Adresse si polylexikalesch, wéi zum Beispill gewësse geléinte Wierder aus dem Franséischen,
gewëssen Eegennimm,
gradesou wéi rar Ausdréck mat Prepositiounen
oder mat Adverben:
Dës polylexikalesch Terme maache manner ewéi 2 % vun der Wuertlëscht vum Dictionnaire aus. Dogéint gëtt a villen Artikele mat Ënneradresse geschafft fir polylexikalesch Sequenzen, an deenen d'Begrëffer aus der Haaptadress virkommen. An engem separate Kapitel ginn déi am Detail beschriwwen.
All Haaptadress gëtt ergänzt duerch d'Wuertaart vum Lemma. Am LOD gëtt tëschent 12 Kategorien ënnerscheet, déi sech follgendermoossen opdeelen:
- déi flektéierbar: Substantiven, Verben, Adjektiven, Pronomen, Artikelen, Zuelen (Ordinalzuelen) (cf. och d'Kapitel „Flexiounsinformatiounen“)
- déi net flektéierbar: Adverben, Zuelen (Kardinalzuelen), Prepositiounen, Konjunktiounen, Partikelen an Interjektiounen
Fir déi verschidde Wuertaarte fënnt een am LOD follgend grammatesch Informatiounen:
- bei de d'Substantive steet niewent der Informatioun „Substantiv“ och nach en Hiweis op de Genre vum betreffende Wuert,
ausser an de Fäll, an deenen dat betreffend Substantiv e Pluraletantum ass:
Wa fir e bestëmmtent Substantiv méi Genren a Fro kommen, da gëtt dat esou gewisen:

D'Substantivéierungsforme vun Adjektiven a Verbe ginn am LOD net lemmatiséiert an an engem separaten Artikel gewisen. Et kann een se an de Beispillssätz vum jeeweilegen Adjektiv oder Verb fannen, wann de substantivéierte Gebrauch relativ heefeg ass.
- bei de Verbe gëtt en Ënnerscheed gemaach tëschent de Vollverben, déi einfach als „Verb“ bezeechent ginn,
de Modalverben

Bei de Vollverbe fënnt een zousätzlech Informatiounen iwwer de spezifesche Gebrauch. Déi Informatioune sinn ageleet duerch d'Symbol » a bréngen eng weider Ënnerdeelung vum Artikel a sougenannte grammatesch Eenheete mat sech.
Et gesäit een esou, ob e Verb „transitiv“ oder „intransitiv“ ass, ob et „reflexiv“ ka gebraucht ginn
an/oder ob et (och) mat engem onperséinleche Sujet ka gebraucht ginn (mat der Informatioun „onperséinlech“, „och onperséinlech“):

- bei den Adjektive gëtt en Ënnerscheed gemaach tëschent den einfachen Adjektiven, déi e ganzen Deklinatiounsparadigma opweisen (dës ginn einfach als „Adjektiv“ markéiert), an den onverännerbaren Adjektiven:

Wann en Adjektiv an sengem adverbiale Gebrauch en anere Sënn huet ewéi d'Adjektiv un sech, da gëtt et zousätzlech als Adverb lemmatiséiert a kritt och en eegenen Artikel als Adverb.


D'Adjektiven, déi vun engem Participe passé ofgeleet sinn, kréien nëmmen dann en eegenen Artikel, wann et dat respektiivt Verb net (méi) gëtt oder wann de Sënn par rapport zum Ursprongsverb staark geännert huet:


Wann de Lien tëschent der Semantik vum Adjektiv an där vum Ursprongsverb staark ass, gëtt d'Adjektiv net extra lemmatiséiert. Et fënnt een et héchstens an engem Beispillssaz beim Artikel vum jeeweilege Verb.

NB: An der Sichfënster kritt ee fir en Adjektiv, dat vun engem Participe passé ofgeleet ass, dofir och meeschtens den Artikel vum respektive Verb gewisen, wéi een et hei ka gesinn:

- bei den Zuele gëtt den Ënnerscheed gemaach tëschent Kardinal- an Ordinalzuelen:



Bei de Possessivpronome fënnt een zousätzlech Informatioune iwwer déi grammatesch Kategorië vum „Possessor“ (dem „Besëtzer“) a vum „Possessum“ (dem Géigestand vun der „Besëtzrelatioun“), déi mat engem „+“ verbonne sinn:


Zousätzlech fënnt een och nach Informatiounen iwwer den Numerus, de Genre an de Kasus. Déi Informatioune sinn ageleet duerch d'Symbol » a bréngen eng weider Ënnerdeelung vum Artikel a sougenannte grammatesch Eenheete mat sech:

- bei den Eegennimm, den Adverben (déi keng Pronominaladverbe sinn), de Prepositiounen, de Konjunktiounen, de Partikelen an den Interjektioune gëtt et keng extra Differenzéierung.
Bei de Prepositioune gëtt mam Symbol „»“ ugewisen, wéi e Fall gefuerdert gëtt. :

An engem gudden Deel vun den LOD-Dictionnairesartikele fënnt ee verschidde flektéiert Forme vum beschriwwene Wuert.
Dat ass virun allem bei Substantiven de Fall, fir déi d'Plurielsform(en) gewise gëtt/ginn. Et handelt sech an der Haaptsaach ëm attestéiert Formen, also net ëm konstruéierter, och wa bei Homogeniséierungsaarbechte vereenzelt net dokumentéiert Forme kënne bäigesat ginn.
D'Reiefolleg, an där d'Plurielsformen opgelëscht sinn, seet näischt aus iwwer d'Heefegkeet vun hirem Gebrauch.
An engem Dictionnairesartikel, deen e Verb beschreift, gëtt niewent dem Infinitiv och ëmmer de Participe passé als eng vun de verbale Grondformen ugewisen. Virun der Participe-passés-Form steet eng Informatioun iwwer d'Hëllefsverb („hunn“ oder „sinn“), dat gebraucht gëtt, fir déi zesummegesate Verbformen ze bilden:
Fir deklinéierbar Adjektiven a konjugéierbar Verbe kënne komplett Flexiounstabellen opgeruff ginn. An engem separate Kapitel ginn déi am Detail beschriwwen.
D'Ënneradressen, déi am Ufank vun enger Sënn-Eenheet rout duergestallt sinn, liwweren Informatiounen iwwer déi typesch Verbindungen am Saz, déi dat beschriwwent Wuert kënne betreffen, wéi z. B. an dësem Fall d'Konstruktioun vun engem Verb mat enger Prepositioun,
oder se weise fest lexikalesch Verbindungen:

Wann eng Sënn-Eenheet esou e polylexikaleschen Ausdrock weist, bezitt sech de gréissten Deel vun deenen anere mikrostrukturellen Elementer op dësen Ausdrock an net eleng op d‘Wuert, dat als Haaptadress fungéiert.
Um Niveau vun den Iwwersetzunge stinn deemno an deem Fall Equivalenzen, déi d'Ënneradress an senger Gesamtheet semantesch ofdecken. Dat selwecht gëllt fir d'Synonymmen:

Alternativ Konstruktiounen, déi semantesch identesch sinn, awer e gerénge syntakteschen Ënnerscheed opweisen, ginn duerch e Slash getrennt gewisen:

Et gëtt allerdéngs och Fäll, an deenen esou eng Variatioun kann duerch Klameren ugewise ginn (cf. d'Kapitel „Ausdrock a Bedeitung vun der Optionalitéit“):

Zwou änlech Konstruktioune mat awer enger ënnerschiddlecher Bedeitung ginn duerch e Stréchpunkt getrennt gewisen. D'Reiefolleg, an där d'Iwwersetzungsequivalenzen an d'Beispillssätz erschéngen, ass an deem Fall ugepasst un d'Reiefolleg, an där déi zwou Ënneradressen opgelëscht sinn, wéi dës Sënn-Eenheet vum Artikel Kaart et illustréiert:

D'Iwwersetzungselementer spillen eng zentral Roll fir d'Fonctionnement vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire. Et ass nämlech iwwer dës Elementer, datt den Zougang zum Sënn vun de beschriwwene lëtzebuergesche Wierder méiglech gëtt.
Traditiounsgeméiss ass et déi eesproocheg Lexikografie, duerch déi Dictionnairen entstinn, déi virun allem op d'semantesch Beschreiwung vun engem bestëmmte Wuertschatz ausgeriicht sinn. Dës Beschreiwung stäipt sech dann op Definitiounen, déi och an där Sprooch geschriwwe sinn, aus där och de Begrëff kënnt, ëm deen et am Artikel geet. Dat weist dat follgend Beispill vum Artikel minimiser aus der online Versioun 5.3 vum Petit Robert de la langue française (opgeruff de 26. Mee 2020):
D'Viraussetzung, fir iwwer esou eng Approche den Zougang zum Sënn vun engem beschriwwene Wuert ze fannen, ass déi, datt een op d'mannst iwwer elementar Kenntnisser vun der Definitiounssprooch verfüügt, déi eeben och gläichzäiteg d'Sprooch vun de Begrëffer aus der Lemmalëscht ass.
Déi zweesproocheg Lexikografie ass hirersäits meeschtens ausgeriicht op d'Iwwersetzung an eng aner Sprooch ewéi déi, an där d'Begrëffer aus der Lemmalëscht vum jeeweilegen Dictionnaire gehale sinn.
Am nächste Beispill, an deem den Artikel glace aus der drëtter elektronescher Versioun (Editioun 2015) vum PONS Großwörterbuch Französisch-Deutsch gewise gëtt, maache sougenannte semantesch Selecteuren ewéi „(miroir)“ an „(plaque de verre)“ dem Benotzer et méi liicht, fir déi pertinent Iwwersetzung(en) fir e bestëmmte Sënn vum beschriwwene Wuert ze fannen:
Iwwer dës Approche, déi wéi gesot an der Haaptsaach drop aus ass, fir eng Iwwersetzungshëllef unzebidden, ass et net onbedéngt méiglech, fir an engems eng semantesch Beschreiwung vum behandelte Wuert ze vermëttelen, well déi potenziell Polysemie vun den Iwwersetzungsequivalenzen et beschtefalls erlaabt, fir Hypotheesen opzestellen, wat de semanteschen Inhalt vum betreffende Wuert ugeet.
D'Duden online Wörterbuch (http://www.duden.de, Stand vum 26. Mee 2020) beschreift fir d'Wuert Spiegel, dat als Iwwersetzungsequivalenz an der éischter Ënnerdeelung vum grad ernimmten Artikel glace proposéiert gëtt, eelef verschidde Sënner, wouvun der fënnef nach weider opgespléckt ginn.
D'Eenzegaartegkeet vum LOD läit doran, datt d'semantesch Selecteuren, déi charakteristesch si fir déi zweesproocheg Lexikografie, net d'Ausgangssprooch vum Dictionnaire (Lëtzebuergesch) betreffen, mee d'Zilsproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch). Dëst ass de Grond, firwat d'Bezeechnung „semantescht Verdäitlechungselement“ benotzt gëtt, fir an der Fortsetzung vun dësem Dokument vun dësem wichtege mikrostrukturellen Element ze schwätzen.
An de follgende Beispiller, wou d'Artikelen Bürosklamer an Trombonn vum LOD gewise ginn, stinn hanner den Iwwersetzungsequivalenze jeeweils déi franséisch Verdäitlechungselementer „[petite agrafe]“ an „[instrument de musique]“, déi dem Benotzer hëllefen ze decidéieren, wat fir ee vun de Sënner, déi hie vun der franséischer Entspriechung „trombone“ kennt, am ausgewielten Artikel dee pertinenten ass.
Dës Struktur mécht esouwuel de lëtzebuergeschsproochege wéi och de friemsproochege Benotzer, déi op d'mannst eng vun de véier LOD-Iwwersetzungssprooche beherrschen, den Zougang zu de Sënner vun de beschriwwene lëtzebuergesche Begrëffer méiglech: Déi éischt gräifen op hir multilingual Kompetenzen zeréck, déi zweet am Idealfall op hir Mammesprooch-Kompetenzen, fir iwwer d'Koppel „Iwwersetzungsequivalenz / semantescht Verdäitlechungselement“ de Sënn ze erfaassen, deen an enger bestëmmter Sënn-Eenheet beschriwwe gëtt.
| Substantiv | Verb | Adjektiv | ||
| Verdäitlechung duerch typesch Kookkurrenzen | Attribut (mat onbestëmmtem Artikel) | Abschnitt […] FR passage [d'un texte] | adoptéieren
[…] FR adopter
[un enfant] brauen […] FR brasser [de la bière] |
|
| Sujet (ouni Artikel) | quaken […] FR cancaner [canard] | |||
| Substantiv, op dat sech bezu gëtt (ouni Artikel) | abordabel […] FR abordable [prix] | |||
| Verdäitlechung duerch en aussersproochleche Kontext | Ambiance […] FR ambiance [dans un groupe] | ausdrécken […] FR presser [pour extraire un liquide] | ||
| Hyperonym (Iwwerbegrëff) oder Synonym | Bréck […] FR pont [construction] | amputéieren […] FR amputer [opérer] | ||
| Definitioun (dacks ganz kuerz) |
Bréck […] FR bridge [prothèse dentaire] | bestätegen […] FR confirmer [affirmer l'exactitude de] | schléifreg […] FR somnolent [qui a envie de dormir] |
Se ginn ageleet duerch eng Ofkierzung vun der jeeweileger Iwwersetzungssprooch (no ISO 639-1:2002), „DE“ fir Däitsch, „FR“ fir Franséisch, „EN“ fir Englesch a „PT“ fir Portugisesch:



An all Sënn-Eenheet steet pro Sprooch op d'mannst eng Iwwersetzungsequivalenz. Méi Equivalenze ginn duerch e Komma vunenee getrennt:
NB: Wann zwou oder méi Iwwersetzungsequivalenzen, déi (Quasi-)Synonymme sinn, an enger selwechter Sënn-Eenheet niewentenee stinn, ass e semantescht Verdäitlechungselement am Prinzip iwwerflësseg, wann déi verschidden Termen sech géigesäiteg semantesch verdäitlechen:
- eng semantesch Beschreiwung a Form vun enger Definitioun
Fir verschidde rar oniwwersetzbar Begrëffer (et si manner ewéi 0,03 % vun de Sënn-Eenheete betraff), kritt de Benotzer eng Definitioun proposéiert. D'Definitiounselement gëtt duerch „[Definitioun]“ tëschent eckege Klameren ageleet:
- eng funktionell Beschreiwung
Funktionell Beschreiwungselementer tëschent Akkolade gi genotzt, wa fir e bestëmmte Begrëff keng Iwwersetzungsequivalenz (mat oder ouni Verdäitlechung) a keng Definitioun méiglech sinn. Dëst ass virun allem de Fall bei de Partikelen, déi sech, ofgesi vum Däitschen, nëmme rar an eng vun den Zilsprooche vum LOD iwwersetze loossen:
D'Beispillssätz fänke mat engem klenge Buschtaf un, et sief dann, dat éischt Wuert ass e Substantiv oder en anert Wuert, dat ëmmer mat engem grousse Buschtaf ufänkt. Et gëtt kee Punkt gesat, fir d'Enn vum Saz ze markéieren:
Ausserdeem ginn déi offiziell Reegele fir d'Syntax, d'Orthografie an d'Interpunktioun respektéiert.
D'Froen hale mat engem Fragezeichen op an d'Ausruffsätz mat engem Ausruffzeechen:
D'Sätz, an deenen d'Haaptverb am Imperativ steet, hale mat engem Ausruffzeechen op:
Hanner engem groussen Deel vun LOD-Beispillssätz fënnt een eng Verdäitlechung op Lëtzebuergesch tëschent eckege Klameren.
Betraff sinn entweeder (méi oder manner) fest Tournuren, d. h. Idiotismen a Spréchwierder, bei deenen eng global semantesch Verdäitlechung néideg ass,

oder Beispillssätz, déi an hirer Gesamtheet keng fest Tournure bilden an déi deemno nëmmen deelweis musse verdäitlecht ginn:

Bei de glosséierte Beispiller kann et Variante ginn, déi just e gerénge strukturellen Ënnerscheed opweisen. Dës Variante sinn duerch e Stréchpunkt getrennt:

Wa fir ee Beispillssaz zwou semantesch Verdäitlechunge méiglech sinn, ginn déi och duerch e Stréchpunkt vunenee getrennt:


An all Sënn-Eenheet vun engem Artikel vum LOD kënnen een oder méi Synonymme stoen, déi duerch den Text „Synonym“ oder „Synonymmen“ ageleet ginn, jee nodeem, ob a wéi vill Synonymmen opgelëscht sinn. Méi Synonymmen hannerenee sinn duerch e Komma getrennt a stinn dem Alphabet no.
Beim Choix vu potenzielle Synonymmen, déi fir e Wuert a Fro kommen, gëtt fir d'éischt gekuckt, ob et méiglech ass, d'Wuert an den net glosséierte Beispillssätz ze ersetzen, ouni datt doduerch e semanteschen Ënnerscheed entsteet. Bestëmmten hierarchesch Relatiounen (beispillsweis bei engem Hyperonym [Iwwerbegrëff] resp. Hyponym [Ënnerbegrëff]) kënnen derzou féieren, datt e Verweis just an eng Richtung funktionéiert.
De Formalitéitsgrad vun den Termen, déi a Fro kommen, gëtt och berücksichtegt. Esou ka just en Term, deen op der Skala vum Formalitéitsgrad d'selwecht oder méi héich gewäert gëtt ewéi den Term, dee behandelt gëtt, als Synonym zeréckbehale ginn.

D'Synonymme sinn an de meeschte Fäll monolexikalesch Termen (~ 90%), wéi d'Beispiller hei uewendriwwer et weisen.
Déi meescht Zäit betreffen déi polylexikalesch Synonymmen e Begrëff, dee selwer polylexikalesch ass an deen entweeder an der Haaptadress vum Artikel steet, wat zimmlech seelen ass,
oder an enger Ënneradress:


An all Verweisartikel (cf. d'Kapitel „Verweisartikel“) kënnen och pertinent Synonymme fir den Term aus der Haaptadress gewise ginn, an zwar no den Duerstellungsprinzippien, déi hei virdrun erkläert goufen:

Opgrond vum Opbau vun esou engem Artikel ass awer keng lokal semantesch Differenzéierung méiglech. Am Fall vun enger eventueller Méideitegkeet muss een sech deemno op de vollen Artikel beruffen, op dee verwise gëtt:


Dësen Nodeel misst mëttelfristeg behuewe ginn, wann all d'Verweisartikelen ausgebaut ginn.
Déi diaphasesch Markéierunge signaléieren e méi héijen oder méi nidderegen Niveau vun der Ausdrocksweis par rapport zu engem net markéierte Vocabulaire, deen an dëser Hisiicht als neutral ugesi gëtt. Am LOD gi follgend diaphasesch Markéierunge benotzt:


- „graff“, en Hiweis op en net formale Gebrauch, deen ënner Ëmstänn ka schockéieren an deen an der Alldagssprooch opfält:

- „vulgär“, en Hiweis op e Gebrauch, deen am stäerkste vum Neutralen ofwäicht a meeschtens op d'Sexualitéit ausgeriicht ass :

- „Kannersprooch“, en Hiweis bei Termen, déi am heefegste virkommen, wann Erwuessener mat ganz jonke Kanner schwätzen :

Déi diaevaluativ Markéierunge signaléieren Termen, duerch déi de Spriecher eng gewësse Positionéierung par rapport zum Inhalt vun senger Äusserung kann ausdrécken. Vun där Zort gëtt eng eenzeg Markéierung benotzt.
- „pejorativ“, en Hiweis bei Termen, déi eng Saach oder eng Persoun, op déi sech bezu gëtt, negativ duerstellen:

Déi diachronesch Markéierung „vereelzt“ weist hin op e manner liewege Gebrauch, deen enger Rei Mammesproochler just nach passiv bekannt ass:

NB: An enger Sënn-Eenheet kënne méi Markéierunge stoen:

Och bei de glosséierte Beispillssätz kënnen diaphasesch Markéierunge stoen. Dës Markéierunge gi just dann agesat, wann de Formalitéitsniveau vum Wuert aus der Haaptadress isoléiert gekuckt en aneren ass ewéi dee vum glosséierte Beispill.
Déi diaevaluativ Markéierung „ironesch“, déi allgemeng éischter rar ass, gëllt spezifesch fir glosséiert Beispillssätz:

Fir all d'Verben an d'Adjektiven, déi am LOD beschriwwe sinn, gëtt et am Prinzip eng Tabell mat de flektéierte Formen.
Déi zwou nächst Tabellen illustréieren d'Gesamtheet vun de Formen, déi engersäits fir d'Verbe kënne gewise ginn

an anerersäits fir d'Adjektiven:

NB: D'Forme vum Komparativ, déi mat „méi“ gebilt ginn (dat sinn am Lëtzebuergeschen déi allermeescht), ginn net gewisen, well d'Forme vum Positiv déi vum Komparativ scho mat ofdecken:

Eng Form gëtt nëmmen da gewisen, wann se och beluecht ass.
De Slash ka bedeiten, datt eng Form semantesch blockéiert respektiv net beluecht ass



D'Reiefolleg, an där déi gläichwäerteg Formen erschéngen, seet näischt aus iwwer hir Heefegkeet.
Bei reflexive Verbe gëtt de Reflexivpronomen an den Tabelle gewisen:

Dëse Pronome steet tëschent Klameren, wann de reflexive Gebrauch vum Verb méiglech, mee net obligatoresch ass:

Fir déi seele Verben, déi et als Deel vun engem polylexikaleschen Ausdrock just am Infinitiv gëtt, grad esou wéi fir déi onverännerbar Adjektiven (cf. d'Kapitel „Grammatesch Kategoriséierung“), gëtt et keng Tabell (cf. d'Kapitel „Flexiounsinformatiounen“).
D'phoneetesch Informatiounen am LOD ginn iwwer en Audiosfichier vermëttelt.
Déi lemmatiséiert Formen, déi als Haaptadresse benotzt ginn, ginn an all Artikel vertount.
Fir den Artikel fiicht héiert een also d'Form fiicht.

Bei den Artikelen – dozou gehéieren och d‘Verweisartikelen – an deenen hanner der Adress Flexiounsforme gewise ginn (wéi bei Verb- oder Substantiv-Artikelen), sinn och déi opgelëschte flektéiert Forme vertount.
Beim Artikel Tru kann een deemno de Singulier Tru an de Pluriel Truen héieren.

Beim Artikel pfleegen kann een deemno den Infinitiv pfleegen an de Participe passé gepfleegt héieren.

Beim Artikel Bau kann een deemno de Singulier Bau an och déi zwee Plurielle Bauten an Bai héieren.

Fir all Form gëtt just déi Aussprooch zeréckbehalen, déi als déi geleefegst kann ugesi ginn. Mëttelfristeg gëtt d'Vertounung vun alternativen Aussproochen an d'A gefaasst.
Déi grouss Majoritéit vun den Opname gëtt vun enger weiblecher Stëmm geschwat, de Rescht vun zwou männleche Stëmmen.
D'Basisstruktur vun de Verweisartikele léisst sech follgendermoossen definéieren
Adress Wuertaart - Natur vum Verweis ↗Link op den Haaptartikel
Dës Artikelen, déi relativ heefeg sinn (ongeféier 13 %), weisen e limitéierten Inhalt géintiwwer dem vollen Artikel, op deen se verweisen.Et gëtt verschidden Zorte vu Relatiounen tëschent Verweis- an Haaptartikelen:





Just bei den orthografesche Variante gëtt eng Hierarchie tëschent de behandelte Wierder hiergestallt, well d'Schreifweis vum Wuert, dat am Zil-Artikel beschriwwen ass, méi en héije Stellewäert huet ewéi d'Grafie vum Wuert, dat am Verweisartikel steet (cf. d'Kapitel „Lëtzebuerger Orthografie“).
Mëttelfristeg ass geplangt, fir d'Verweisartikelen zu vollen Artikelen auszebauen, virun allem déi, bei deenen et ëm weiblech a männlech Forme geet.
D'Wierder, déi eréischt ganz rezent an d'Wuertlëscht vum LOD opgeholl goufen, ginn dem User a sougenannten Template-Artikele gewisen.
D'Basisstruktur vun deenen Artikele léisst sech follgendermoossen definéieren:
An dëser Zort vun Artikel ass just en Deel vun de Funktionalitéiten accessibel (cf. d'Kapitel „Zilpublikum a Funktionalitéiten“). Wann d'Redaktiouns- an d'Relectures-Prozeduren ofgeschloss sinn, kritt de User och fir dës Wierder alles dat ugebueden, wat am Cahier des charges vum Dictionnaire virgesinn ass.
Eng Infobox informéiert de User driwwer, datt de grad consultéierten Artikel nach net komplett ass:

Sougenannten Infoboxen, déi ganz ënnen an den Artikele stinn, erlaben et, fir Informatiounen ze weisen, déi net iwwer déi scho beschriwwe mikrostrukturell Elementer kéinte vermëttelt ginn.
Hiren textuellen Inhalt ënnerläit a priori kenge Contrainten, mee bei vergläichbaren Informatiounen, wéi z. B. deenen, déi ze dinn hu mat den orthografeschen Ännerungen, déi Enn 2019 duerch de Referenztext D'Lëtzebuerger Orthografie néideg goufen, ass den Opbau dee selwechten:

D'Infoboxe mat historeschen an/oder kulturellen Informatioune sinn niewent deene mat orthografeschem Inhalt déi, deenen een am heefegste begéint:

An enger éischter Phas, déi den Ament nach amgaang ass, kënnen d'Infoboxe just op Lëtzebuergesch opgeruff ginn. Et ass awer virgesinn, fir se mëttelfristeg an déi véier Zilsprooche vum Dictionnaire ze iwwersetzen.
Um Niveau vum Inhalt vu gewëssene mikrostrukturellen Elementer vum LOD déngen déi ronn Klameren derzou, optional Sequenzen ze weisen.
D'Elementer, déi betraff sinn, si virun allem d'Ënneradressen,


d'Beispillssätz

an d'Synonymmen:

D'Optionalitéit weist sech dacks bei e puer mikrostrukturellen Elementer vun enger selwechter Sënn-Eenheet,

mee net ëmmer, wéi gewësse Beispiller vu virdrun et weisen.
Déi Beispiller weisen och Fäll, bei deenen d'Sequenz tëschent Klamere fakultativ ass. D'Klamere sinn dann eng Méiglechkeet, fir Varianten ze weisen.
An anere Fäll kann den optionale Charakter vun der Sequenz tëschent Klameren och syntaktesch Auswierkungen hunn, wann zum Beispill gewise gëtt, datt grammatesch Ergänzungen deemno wéi kënnen ewechgelooss ginn.

Den Ënnerscheed tëschent deenen zwou méiglechen Interpretatioune vun de Sequenzen tëschent Klameren ass typografesch net markéiert, kéint et mëttelfristeg awer ginn.
D'orthografesch Reegelen, un déi sech am LOD gehale gëtt, sinn déi, déi am aktuelle Referenztext stinn, dee vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS, zls.lu) publizéiert gouf. Deen Text (D'Lëtzebuerger Orthografie) kann op dëser Säit gelies an erofgeluede ginn: https://portal.education.lu/zls/orthografie.
An der Fënster uewe lénks kann een no Wierder sichen. D'Lëtzebuergescht ass standardméisseg d'Sprooch, an där gesicht gëtt. Iwwer e Menü kann déi Sprooch geännert ginn:

De System erlaabt et och, fir d'Zuele vun 0 bis 999999 ze sichen. Heifir muss een Zuelen aginn (z. B. „2318“).
Wann de benotzte Browser déi Funktionalitéit ënnerstëtzt, kritt ee Virschléi gemaach, wann een ufänkt mat tippen. D'LOD-Sichmaschinn ass feelertolerant, wat d'Grouss- a Klengschreiwen an d'Accenten ubelaangt:


Wann de User e Wuert op Lëtzebuergesch sicht an de System näischt fënnt, da gëtt eng Lëscht generéiert mat Wierder, déi vun der Grafie hier no un deem dru sinn, wat agi gouf.. Mat engem Klick op e Wuert aus der Lëscht gëtt eng nei Sich mat deem ausgewielte Wuert gestart.

Wann de Benotzer e Wuert op Däitsch, op Franséisch, op Englesch oder op Portugisesch sicht, da proposéiert de System eng Lëscht vun den Artikelen, an deenen dat gesichtent Wuert als Iwwersetzungselement virkënnt:


NB: D'Sprooch vum Paratext ass un d'Iwwersetzungssprooch gebonnen: Wann de Benotzer d'Iwwersetzungssproochen Däitsch a Franséisch gläichzäiteg wëllt gewise kréien (Optioun „DE + FR“), gëtt de Paratext op Lëtzebuergesch gewisen.
Et ass méiglech, fir op d'Wierder an de Beispiller an op d'Synonymmen ze klicken, fir déi entspriechend Dictionnairesartikele gewisen ze kréien.

D'Linken, iwwer déi d'Dictionnairesartikelen direkt opgeruff ginn, kënnen op de sozialen Netzwierker Facebook an Twitter gesharet a per E-Mail geschéckt ginn. Dofir muss op déi entspriechend Ikonen ënner den Artikele geklickt ginn:
