Wéi kënnt Dir den Dictionnaire benotzen?
An der Fënster uewe lénks kënnt Dir no Wierder sichen. Dobäi ass et wichteg, datt Dir fir d'éischt d'Sprooch wielt, an där Dir wëllt sichen.
Dir kënnt och no den Zuele vun 0 bis 999999 sichen. Tippt dofir Zifferen an (z.B. 2318).
Wann Äre Browser déi Funktionalitéit ënnerstëtzt, kritt Dir Virschléi gemaach, wann Dir ufänkt mat tippen. D'LOD-Sichmaschinn ass feelertolerant, wat d'Grouss- a Klengschreiwen ubelaangt.
D'Sich gëtt mat der Enter-Tast oder mat engem Klick op de Knäppche riets niewent der Sichfënster gestart. Wann e lëtzebuergescht Wuert, dat Dir sicht, eendeiteg ass, gëtt den entspriechenden Artikel direkt gewisen. Soss ginn d'Artikelen, déi fir Är Sich a Fro kommen, opgelëscht.
Wann Dir en däitscht, e franséischt, en englescht oder e portugisescht Wuert sicht, kritt Dir eng Lëscht gewise vun den Artikelen, an deenen dat Wuert an enger Iwwersetzung virkënnt.
Iwwer de Sproochemenü kënnt Dir d'Iwwersetzungs- an d'Erklärungssprooch änneren.
Dir hutt d'Méiglechkeet, op d'Wierder an de Beispillssätz an op d'Synonymmen ze klicken, fir méi iwwer déi Wierder gewuer ze ginn.
Duerch e Klick op de Knäppche mam "T" gëtt eng Tabell mat de verschiddene Forme vum Wuert gewisen. Mat engem Klick op de Knäppche mat der Nout kënnt Dir d'Wuert lauschteren.
Mir soen eise Benotzer villmools Merci fir déi vill konstruktiv Commentairen.