LOD - Monni-Beispiller (6. Mäerz 2020)

LW Warte-Artikel vum 19. Mäerz 2020 "Mäi koppege Monni aus dem LOD"

mäi Monni huet eng Affär mat enger bestueter Fra (Artikel Affär)
mäi Monni ass en agreabele Mënsch (Artikel agreabel)
däi Monni kënnt an den Alter (Artikel Alter)
mäi Monni léisst sech vu senger Frëndin aushalen (Artikel aushalen)
säi Monni ass e Badetti vun dräi Zenner (Artikel Badetti)
däi Monni huet eng wonnerschéi Baritonstëmm, ass hien an enger Chorale? (Artikel Baritonstëmm)
däi Monni huet eng wonnerschéi Bassstëmm, ass hien an enger Chorale? (Artikel Bassstëmm)
säi Monni ass e Batti vun dräi Zenner (Artikel Batti)
an de Vakanzen hëllefen ech mengem Monni um Bauerenhaff (Artikel Bauerenhaff)
um Dëppefest hat mäi Monni eng ferm am Been (Artikel Been)
mäi Monni huet e béisaartegen Tumor am Kapp (Artikel béisaarteg)
mäi Monni huet fréier als Biergaarbechter geschafft (Artikel Biergaarbechter)
mäi Monni hat gëschter eng am Biz (Artikel Biz)
mäi Monni blouf säi Liewe laang en Näischnotz (Artikel bleiwen)
meng Tatta a mäi Monni hu sech bluttjonk bestuet (Artikel bluttjonk)
mäi Monni huet e buuschtege Charakter (Artikel buuschteg)
mäi Monni huet en décke Bauch (Artikel déck)
däi Monni ass déif gefall (Artikel déif)
mengem Urgrousspapp säi Monni war nach Dëppegéisser (Artikel Dëppegéisser)
viru Kuerzem huet den Dokter erausfonnt, datt mäi Monni Diabetes huet (Artikel Diabetes)
meng Monnien hunn an der Stuff iwwer Politik gediedegt (Artikel diedegen)
mäi Monni gouf deslescht an eng domm Geschicht verwéckelt (Artikel domm)
mäi Monni war nach ëmmer stolz op seng Eegestännegkeet als Fräiberuffler (Artikel Eegestännegkeet)
mäi Monni ass bei engem Autosaccident ëmkomm (Artikel ëmkommen)
mäi Monni ass vu Moler op Tapissier ëmgestigen (Artikel ëmsteigen)
mäi Monni huet bis d'Pensioun an enger Privatschoul enseignéiert (Artikel enseignéieren)
mäi Monni huet 30 Joer op der Fabrick geschafft (Artikel Fabrick)
mäi Monni huet eng Farschoul an Däitschland (Artikel Farschoul)
mäi Monni ass scho fir d'zweet (Kéier) bestuet (Artikel fir)
mäi Monni sammelt Fixfeieschkëschten (Artikel Fixfeieschkëscht)
mäi Monni schwätzt a schreift fléissend Russesch (Artikel fléissend)
nom Iessen huet mäi Monni eis eng fofzegjäreg Drëpp als Digestif zerwéiert (Artikel fofzegjäreg)
mäi Monni war emol net amstand, (eis) no de Kanner ze froen! (Artikel froen)
mäi Monni geckst gär mat de Leit (Artikel gecksen)
mäi Monni ass Gerant am neie Supermarché (Artikel Gerant)
well mäi Monni de Prozess verluer huet, muss hien d'Geriichtskäschten droen (Artikel Geriichtskäschten)
mäi Monni geréit ëmmer de rietse Bauer (Artikel geroden)
mäi Monni ass ni iwwer de Grad vum Adjutant erauskomm (Artikel Grad)
an de Vakanzen hëllefen ech mengem Monni um Haff (Artikel Haff)
gëff schéin dem Monni d'Hänni! (Artikel Hänni)
mäi Monni huet insistéiert, fir d'Rechnung ze bezuelen (Artikel insistéieren)
mäi Monni huet d'Accident iwwerlieft (Artikel iwwerliewen)
mäi Monni huet mir fir mäi Gebuertsdag e schéint Stéck Geld iwwerwisen (Artikel iwwerweisen)
mäi Monni ka jodelen (Artikel jodelen)
mäi Monni huet eng Juegd am Éislek gepacht (Artikel Juegd)
mäi Monni ass e Knécheler, deen alles gefléckt kritt (Artikel Knécheler)
mäi Monni gëtt mam Knéi operéiert (Artikel Knéi)
mäi Monni war Kommandant bei der Arméi (Artikel Kommandant)
mäi Monni huet iwwer 100 Hektar Land (Artikel Land)
mäi Monni ass e launesche Mënsch (Artikel launesch)
de Monni gesäit ëmmer aus wéi aus enger Liedchen (Artikel Liedchen)
mäi Monni huet et un der Liewer (Artikel Liewer)
mäi Monni muss d'Zigaretten (op der Säit) loossen (Artikel loossen)
säi Monni huet gemaach, datt hien eng gutt Plaz krut (Artikel maachen)
mäi Monni huet fréier als Mineur geschafft (Artikel Mineur)
ee vu menge Monnien ass nach Jonggesell (Artikel Monni)
de Monni huet sengem Neveu telefonéiert, fir him ze gratuléieren (Artikel Neveu)
hie krut déi Plaz nëmmen, well säi Monni eng Grëtz nogehollef huet (Artikel nohëllefen)
mäi Monni huet eis offréiert, a sengem Weekendhaische Vakanz ze maachen (Artikel offréieren)
mäi Monni huet eng onvergläichlech Aart a Weis, fir d'Leit laachen ze doen (Artikel onvergläichlech)
mäi Monni behaapt, en hätt schonn Opium gefëmmt (Artikel Opium)
mäi Monni huet eng Juegd am Éislek gepacht (Artikel pachten)
ziicht däi Monni nach ëmmer Perruchen? (Artikel Perruche)
mäi Monni ass duerch an duerch Pessimist (Artikel Pessimist)
zanter mäi Monni als Bauer opgehalen huet, huet en e Piechter op sengem Haff (Artikel Piechter)
mäi Monni huet eng grouss Kollektioun al Placken (Artikel Plack)
mäi Monni huet bis d'Pensioun an enger Privatschoul enseignéiert (Artikel Privatschoul)
mäi Monni huet ewéi ëmmer dee ganzen Owend Witze gerass (Artikel räissen)
mäi Monni fiert all Joer mat sengem Oldtimer bei zwee Rallyë mat (Artikel Rallye)
mäi Monni huet ewéi ëmmer dee ganzen Owend Witze gerappt (Artikel rappen)
mäi Monni reezt d'Hamen an d'Frelle selwer (Artikel reezen)
mäi Monni ass amgaang, seng Schräinerei ze moderniséieren (Artikel Schräinerei)
mäi Monni schwätzt fléissend véier Sproochen (Artikel schwätzen)
de Monni huet e geseenten Appetit (Artikel seenen)
um Fest war mäi Monni ganz spendabel an huet eng Ronn no där anerer ginn (Artikel spendabel)
mäi Monni ass e stautege Mënsch (Artikel stauteg)
mäi Monni ass duerch eng Ierfschaft steeräich ginn (Artikel steeräich)
de Monni ass alt erëm eng Kéier steif heemkomm (Artikel steif)
de Monni stemmt ouni Problem eng Dosen Humpen (Artikel stemmen)
zanter mäi Monni d'Pensioun huet, ass en e richtegen Takeschësser ginn (Artikel Takeschësser)
de Monni huet sengem Neveu telefonéiert, fir him ze gratuléieren (Artikel telefonéieren)
däi Monni huet eng wonnerschéin Tenorstëmm, ass hien an enger Chorale? (Artikel Tenorstëmm)
mäi Monni ass en Triwweler, deen alles probéiert ze flécken (Artikel Triwweler)
de Monni verbréngt seng Zäit nawell gär am Bistro (Artikel verbréngen)
mäi Monni huet d'Gewunnecht, bei anere Leit seng Fra ze verdommen (Artikel verdommen)
mäi Monni verdréit vill (Artikel verdroen)
wéi ech mäi Monni fir d'lescht gesinn hunn, war en an enger schlechter Verfassung (Artikel Verfassung)
mäi Monni huet op der Bourse vill Sue verluer (Artikel verléieren)
well mäi Monni de Prozess verluer huet, muss hien d'Geriichtskäschten droen (Artikel verléieren)
d'Ierwen hunn all dem Monni seng Wäertpabeiere verkaaft (Artikel Wäertpabeier)
de Monni huet wärend der ganzer Rees geschlof (Artikel wärend)
mäi Monni huet eis fir e puer Deeg a säi Weekendhaischen invitéiert (Artikel Weekendhaischen)
mäi Monni flecht a senger Fräizäit Kierf aus Weiderutten (Artikel Weiderutt)
bei mengem Monni weess ech ni, ob en et eescht mengt oder ob e mech zitt (Artikel zéien)
den onerwaarten Doud vu mengem Monni ziert haut nach u menger Tatta (Artikel zieren)
mäi Monni fëmmt ëmmer sonndes nom Iessen eng Zigar (Artikel Zigar)
esoulaang ech zeréckdenke kann, hat mäi Monni den Zigarettenhouscht (Artikel Zigarettenhouscht)
viru Kuerzem huet den Dokter erausfonnt, datt mäi Monni Zocker huet (Artikel Zocker)
mäi Monni huet seng Léier beim beschten Zockerbäcker aus dem Land gemaach (Artikel Zockerbäcker)
mäi Monni schneit d'Zoossiss ëmmer a ganz déck Rondelen (Artikel Zoossiss)
mäi Monni erzielt gär zweedeiteg Witzer (Artikel zweedeiteg)